Sie sind hier

DP intervenéiert am Gemengerot fir eng besser Verbindung vum ëffentlechen Transport am Käldall

Zuchlinn
Zuchschinnen Käldall

An der Presse war rezent ze liesen, datt en neie Bus-Tram am Minett sollt agefouert ginn. Ze Kayl soll een Arrêt sinn, während Téiteng a Rëmeleng ganz vergiess ginn.

Mir fuerderen datt de Schäfferot sech beim zoustännege Minister derfir asetzt, datt de Käldall hei besser ugebonne gëtt.

An eisem Bréif vum 16. Mäerz 2017 un de Kayler Schäfferot erënnere mer drun, datt d'Ubannung vum Käldall via d'Eisebunnsnetz eng Prioritéit sollt duerstellen.