Nodeems mär vu concernéierten Elteren op d'Sécherheetsproblematik ronderëm de Chantier vun der neier Schoul am Faubourg ugesprach goufen, géife mär gäre beim Schäfferot Präzisioune kréien zu den aktuelle Sécherheetsmesuren.