Sie sind hier

De Minett-Tour ouni Käl?

Minett-Tour Kultur Tourismus

Am Joer 2012 ass den Office régional du Tourisme Sud (ORT Sud) gegrënnt ginn. Eis Gemeng ass do Member a sollt vertruede ginn duerch den deemolege Kulturschäffen.

Net méi spéit wéi de leschte Freiden, 28. Juli, ass am Fond-de-Gras an Präsenz vum Premier- an Kulterminister Xavier Bettel an der Staatssekretärin Francine Closener den « Minett-Tour » ageweiht ginn. Dësen Tour verbënnt 5 Sitten (Migratiounszentrum, Musée des Mines, Ellergronn-Mine Cockerill, Belval an de Minettpark Fond-de-Gras) verdeelt iwwer 4 Gemengen.

Obwuel de Site « Léiffrächen » als nationaalt Monument klasséiert ass an eis Gemeng och 2 sougenannte Kulturweer ubitt, féiert dësen immens interessanten a vum Staat gefërderten Tour laanscht eis Gemeng. Dëst, op Nofro hin, well eis Gemeng selten, fir net ze soe guer net, präsent ass an de Reunioune vum ORT Sud. Vu datt am Budget vun der käler Gemeng grouss Investitiounen an en zousätzlechen Industriewee wéi och an de Musée Schungfabrik virgesi sinn, wier et dach awer sënnvoll mat esou engem Gremium wéi dem ORT Sud eng richteg Zesummenaarbecht z'ënnerhalen. Dëst ass e weidere Beweis dofir ass, dass déi aktuell Koalitioun weder Loscht hat, nach wäert hunn fir sech em esou Collaboratiounen ze këmmere, mee dofir awer am Gemengerot Pseudodebatten iwwer d’Kultur well féieren.  

Mär bedaueren dës verpasste Chance an hoffen, datt mär an Zukunft déi lokal Ökonomie duerch eng touristesch Revalorisatioun vun eisem Patrimoine wäerte fërdere kennen. Un Iddien an Tatendrang feelt et eis net!